Jetzt Anmeldeformulare
downloaden
 !





U wie riicht sech d’Internat ?

D’Pensionnat Saint-Joseph ass fir Jongen vun 7e bis 13e a Meedercher vun 10e bis 13e, déi an enger Schoul zu Ettelbréck ageschriwwe sinn.

Fir Jongen vu 7e bis 9e besteet d’Méiglechkeet vum Semi-Internat.

D’Weekender an d’Schoulvakanzen ass d’Internat zou.

  1. Wann s Du elo am 6. Schouljoër bass a gären op Ettelbréck an e Lycée geess…
  2. Wann s Du elo op 9e bass a gären eng Formatioun am LTA am Beräich Landwirtschaft, Gaardebau oder Ëmwelt maache wëlls…
  3. Wann s Du doriwwer eraus Loscht hues, nei Leit kennen ze léieren…
  4. Wann s Du deng Fräizäit op eng interessant an ofwiesslungsräich Aart a Weis verbrénge wëlls…
  5. Wann s Du eng Plaz brauchs, wou een dech bei dengen Hausaufgaben ënnerstëtzt…

… invitéiere mir dech an deng Famill, matt eis Kontakt opzehuelen an iech d’Internat unzekucken. Wann s Du dann intresséiert bass bei eis ze kommen, da gëss Du matt dengen Elteren an e perséinlecht Gespréich geruff. Fro Dir en Umeldungsformulaire deen dir zesummen ausfëllt an eis zréckschéckt.

 

Wat leeft do an der Bud?

  1. Zesummeliewen am Grupp
  2. Vu 7e bis 9e schlofen mir op engem Dortoir (4-6 Better), ab 10e zu 2 an ab 11e an engem Eenzelzëmmer.
  3. Mir iessen all zesummen:
    1. Um 7.30 gëtt et Kaffi,
    2. Mëttes iessen mir an eisem Refectoire,
    3. tëscht 15.50 a 16.30 gëtt et eng kleng Stärkung,
    4. um 18.30 gëtt et Owesiessen.
  4. All Dag hu mir Étuden.
  5. An der Fräizäit ginn Aktivitéiten ugebueden.
  6. Mir hunn all Dag eng Stonn Ausgang (ausser op 7e).
  7.  

Wat gëtt am Internat gebueden?

  1. “All inclusive” während de Schoulwochen. Dir iesst Mëttes am Réfectoire vum Pensionnat deen anengems och Schoulkantin vum LTA ass.

 

  1. Di Jugendlech gi virun an no der Schoul vun Erzéier betreit. Dobäi huet jiddereen een Tuteur, dee sech besonnesch ëm den Austausch mat den Elteren an de Kontakt mat der Schoul bekëmmert.
  1. D’Hausaufgabe ginn all Dag während den Etude gemaach. Di Jugendlech ginn a Gruppen agedeelt fir déi jeeweils een Erzéier zoustänneg ass.

Vun 11e un gëtt um Zëmmer geléiert, mä och hei bleiwt een Erzéier zoustänneg.

  1. Während der Fräizäit ginn Aktivitéiten vun den Erzéier ugebueden. Aner Beschäftegunge sinn z.Bsp. och nach Ping Pong, Kicker, Billard, Gesellschaftsspiller, liesen, Fussball oder Basket spillen, Video/DVD kucken, … an nach Villes méi.

 

Wat kascht et?

D’Internatskäschte leie fir d’Schouljoër 2010/2011 bei 3.635 € pro Schüler. De Präis fir d’Semi-internat ass 2910 €. Eng finanziell Ënnerstëtzung kann opgrond vun der Familljesituatioun bei der Direktioun ugefrot ginn.

Bei der Rentrée muss jiddereen eng Kautioun vun 100€ bezuelen.

 

Wie gehéiert zu eiser Équipe ?

Direkter: Marc Thill

Équipe éducative: Michel Beurlet, Carla De Magalhaes, Noémie Ferron, Carmen Birchen, Christine Petry, Laurence Kleuls, Deborah Dambacher

Service technique : Jean-Paul Jungels

Dipl.-Psycholigin : Anja Lehnen

… an net ze vergiessen eis Équipe aus der Kichen an déi 2 Dammen, déi d’Haus ëmmer propper halen.

 

Wéi erreechs Du eis?

Les Internats Jacques Brocquart a.s.b.l.
Pensionnat Saint-Joseph
72, av. Salentiny
L-9080 Ettelbréck

Adresse postale :
B.P. 273 L-9003 Ettelbréck

Tel. Direkter :         81 79 41 – 45 / 621 79 21 22
Tel. Erzéier:           81 79 41 –  1 / 691 81 79 41

www.internat-ettelbruck.lu  oder  www.internats.lu

PSJE

 

Neu!   Neu!   Neu!

Agriculture
Dairyman Homepage

Agriculture
SENTINELLE-Warndienst 09/08/2010:

Agriculture
Erste Resultate der Sortenversuche sind online!

Horticulture
Klassenfahrt der X0HR-Klassen nach Frankfurt

LTA
FAE: Arten&Zwischenfrucht-QUIZ-GEWINNER!

LTA
FAE: Sorten-QUIZ-GEWINNER

Agriculture
4. Internationale Grünlandtage in Bras-Haut (Libramont/Belgien)

Communaute scolaire
Mankind on the move

Horticulture
visite guidée LTA-Arboretum

Environnement naturel
Zéiung vun de Gewënner vum Entréesbilljee vun der ECFS-Party

© Copyright 2008 Lycée Technique Agricole - Ettelbruck