Schulrestaurant
Informatiounen zum Schoulrestaurant vum LTA a vum PSJ
Wéi funktionnéiert d’Kantine?
D’Kantine ass am Gebei vum Pensionnat St. Joseph. De Schüler brauch sech net unzemellen wann hien iesse komme wëll. Hie kënnt an der Mëttespaus einfach dohin a setzt sech säin Iessen zesummen.
Wat gët ët z’Iessen ?
Am Restaurant kann de Schüler all Dag wielen tëschend :
- 1-2 Entréen
- 1 Plat du Jour
- 1 Vegetaresche Plat
- 1 Grillade
- Zalotebuffet
- Dessert, Uebst oder Yoghurt
- 1 Menu fir matzehuelen
-
An der Cafétéria gëtt et Bréidecher, Zaloten , Nuddelen oder Panini an aner Snacken, souwéi verschidden Zorte Gedrénks, Mëllechprodukter an Uebst.
Wat kascht et ?
Tarif Restaurant
Tarif Cafeteria viennoiseries
Tarif Cafeteria Glaces
Wéi kann ee bezuelen ?
Et kann nëmme mat der perséinlecher Schülerkaart « myCard » bezuelt gin.
Dofir muss de Schüler seng « myCard » oplueden, entweder
- an enger vun de Keesen (10.- €, 20.- €, 50.-€ oder 100.- €)
- oder um Site www.restopolis.lu mat enger Kreditkart.
(All Schüler kritt am Ufank vum Schouljoer säi perséinleche Login.)
Bei all Passage an dene verschidde Keesen muss de Schüler seng „myCard“ weisen. De Betrag den hien ze bezuelen huet, gët automatesch vun der Kaart ofgebucht
Wou as de Menu affichéiert ?
- am LTA
- an der Kantin
- um Internet op www.restopolis.lu
Fir all aner Informatioun : restaurant@lce.lu oder support@restopolis.lu

|